FC KIISCHPELT WËLWERWOLZ

DE NUMM KIISCHPELT WËLWERWOLZ

Kiischpelt ass de Numm vun der Gemeng, déi den 1. Januar 2006, duerch d’Fusioun vun de Gemenge Wëlwerwolz (Wilwerwiltz) a Kautebaach (Kautenbach) entstan ass. De Kiischpelt ass domat eng vun de ganz wéinege Gemengen aus dem Land déi net den Numm vun enger Uertschaft droen an och just e letzebuerger Numm dréit. Eng Däitsch oder Franséisch Bezeechnung gëtt et net.

De Numm Kiischpelt kënnt aus dem dem Däitschen a bedeit souvill wéi „Kirchspiel“ wat op déi ganz al Porkierch vu Pënsch hiweist. Wëlwerwolz/Wilwerwiltz krut de Numm duerch den hellege Willibrord.

Gemeng Kiischpelt besteet aus den Uertschaften: Wëlwerwolz, Pënsch, Äischer, Lellgen, Kautebaach, Alschent a Mäerkels.

GESCHICHT VUM FC KIISCHPELT WËLWERWOLZ

Gegrënnt: 1934 als FC Union Kiischpelt
Opgeléist: 1947, kuerz nom 2te Weltkrich
Neigrënnung: 15 Abrëll 1962 als FC Union Sportive Kiischpelt Wilwerwiltz. Gebliwwen ass awer just de letzebuerger Numm: FC Kiischpelt Wëlwerwolz

TERRAIN

Terrain A Millefeld
1 A Geesswénkel
9747 Enscherange / Kiischpelt